Podiumsdiskussioun iwwert Liewensmëttelverloschter a -verschwendung

28.09.2023 18:00 - 20:00
Luxembourg

Beschreiwung

Am Kader vun den nationale Wale luede mir op eng Podiumsdiskussioun zum Thema Bekämpfung vu Liewensmëttelverloschter a -verschwendung an. Déi meescht Mënsche sinn sech dem Problem an der Drénglechkeet bewosst, mä si wëssen net, wéi een dëse Problem ugoe soll. Wéi eng Léisunge ginn et schonn? Wéini a wéi wëll d’Politik dëse Problem ugoen?

Oflaf

  • Begréissung
  • Kuerzen Input vun den Expertinnen
  • Virstellungsronn vum Panel
  • Diskussioun zum Thema « Moossname géint Liewensmëttelverloschter a -verschwendung a Liewensmëttelwäertschätzung souwéi -rettung mat Froen un all d’Politiker*innen »
  • Äntwerten op Froen aus dem Publikum
  • Ee Patt

Umeldung

Mellt dech w.e.g. hei un: https://forms.gle/C8dqnaHz7vidBmFD6 – Du duerfs och spontan ouni Umeldung laanschtkommen.

Gäscht

  • Expertinnen
    • Dr. Rachel Reckinger, uni.lu
    • Estelle Flammang, on.perfekt
    • Svenja Zelder, IBLA
  • Vertrieder*inne vun de folgende Parteien
    • Jeff Boonen, CSV
    • Chantal Gary, déi gréng
    • Eric Weirich, déi Lénk
    • Luc Emeringer, DP
    • Olivier Bichel, LSAP
    • Josiane Engel, Piraten

Moderatioun

Patrick Azevedo

Sprooch

Lëtzebuergesch, mat der Méiglechkeet Froen och an anere Sproochen ze stellen

Organisatoren

Finanziell ënnerstëtzt vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte