Distribution Days

Vergiesst net dass mir all Woch Liewensmëttel am grousse Stil retten déi dir iech gratis op folgenden Distribution Days duerchter d’Land oofhuele kënnt. Kommt laanscht wann dir Iesswuere braucht! Jidderee ka kommen.

Eis Memberen vun Foodsharing Luxembourg rette Liewensmëttel virun der Poubelle a verdeelen dës gratis un all Mënsch egal a wéi enger finanzieller oder sozialer Situatioun en sech befënnt.
Dës Liewensmëttel sinn vu Supermarchéen aussortéiert ginn well se ze grouss, ze kleng, ze kromm, eng Téitsch, eng komesch Faarf hunn oder einfach nëmme laanscht hire Mindesthaltbarkeetsdatum sinn. Mee dat heescht nach laang net dass een dëst net méi iesse kann. Ganz am Géigendeel!
All dës Liewensmëttel goufen eis fräiwëlleg vu verschiddene Supermarchéë a Geschäfter gespent déi dës soss ewechgehäit hätten. Gäre kënnt dir och eegen Liewensmëttel matbréngen déi dir nët méi braucht! Hëlleft eis retten!

WÉI?:
– Eis Diiren ginn pünktlech wéi affichéiert op.
– Kommt am bäschten e bessen virdrun ier mir opmaachen.
– Kommt eran an huelt iech gratis mat wat dir fir aeren Haushalt braucht.
– Bréngt äer eegen Tuute mat.
– Denkt un déi Leit hannert iech an der Schlang.
– Weg denkt drunn dass mir all Woch ganz ënnerscheedlech Quantitéiten vun de Supermarchéë kréien.

Distribution Days
Beaufort

FB event
Méindes vun 18.00 bis 19.00

Aale Sall vum Judo, Jugendhaus
10 Grand Rue Beaufort

Distribution Days
Junglinster

FB event
Mëttwochs vun 18.00 bis 19.00

Centre Culturel ‘Am Duerf’ 8, Rue du Village L-6140 Junglinster

Distribution Days
Dahlem/Garnich

FB event
Freides vun 20.00 bis 21.00

Sall ‘Am Keller’, 3 rue de l’école, Dahlem/Garnich
49°35’56.3″N 5°56’42.5″E

Distribution Days
Dudelange
E puer Samschdes um 10:00

‘Schapp am Brill’ rue Emile Mayrisch, (nierft der Spillplaz)
L-3522 Dudelange

Nächst Datumer:
28 Mee 2022
18 Juni 2022
16 Juli 2022

Jiddereen ass Wëllkomm!