Online-Informatiounstreffen op Lëtzebuergesch

28.01.2021 19:00 - 20:00

Stéiert dech d’Liewensmëttelverschwendung? Du wëlls gär méi iwwert Foodsharing wëssen? Du wëlls gär wëssen waats du géint déi onneideg Verschwendung vu Liewensmëttele maache kanns?
Ma dann bass du hei genee richteg! Foodsharing Luxembourg invitéiert dech häerzlech op dat nächst Online-Informatiounstreffen.

No der Informatiounsversammlung luede mir a Kooperatioun mat Transition Uelzechtdall jiddereen an deen am Uelzechtdall wunnt fir ze diskutéieren wéi een hei een Netzwierk u Foodsaver opbaue kéint a wat mat Foodsharing Luxembourg méiglech wier.

De Link fir matzemaachen ass ongeféier 10 Minutten virdrun hei ze fannen. Link: https://meet.google.com/sgi-vppw-atq