
Am Joer 2025 huet Foodsharing Luxembourg säin Engagement am Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung weidergefouert a gestäerkt, dank enger ëmmer méi aktiver Gemeinschaft. Haut huet de Veräin 306 fräiwëlleg Liewensmëttelretter*innen, déi duerch eng gemeinsam Missioun vereent sinn: Liewensmëttel ze retten, déi nach iessbar sinn, awer am Offall lande géifen.
Vill Leit si sech nach net bewosst, dass de Mindesthaltbarkeetsdatum, deen op Produkter am Buttek uginn ass, net en Datum ass, no deem d’Liewensmëttel net méi fir de Konsum gëeegent sinn. A ville Fäll kann d’Liewensmëttel wäit no dësen Datum ouni Risiko fir d’Gesondheet nach konsuméiert ginn. Trotzdeem ginn nach ëmmer bal 30 % vun de produzéierte Liewensmëttel ewechgeheit. Fir dës Situatioun ze verbessere, gouf Foodsharing Luxembourg gegrënnt, mat dem Zil, d’Ressource vum Planéit ze erhalen an duerch d’Reduktioun vu Liewensmëtteloffall konkret géint de Klimawandel virzegoen.
Fir dës Initiativ ëmzesetzen, schafft Foodsharing am Foodsaving-Projet elo mat 62 Kooperatiounen a Partnerbutteker am ganze Land zesummen. Dës Partner stellen onverkaaft, awer nach iessbar Liewensmëttel zur Verfügung, déi duerno vu Fräiwëllege gesammelt ginn. D’Quantitéiten, déi esou gerett ginn, variéiere staark: si kënne vu klenge Quantitéite vun 2 kg bis iwwer 20 kg bei enger eenzeger Ofhuelung bei verschiddene Geschäfter goen.
All Persoun, egal ob Member oder net, kann och Liewensmëttel bei engem vun den 3 offizielle Foodsharing Points am Land ofginn, déi fir jidderee gratis an no strengen Hygiènesreegelen zougänglech sinn. Dës Frigoe sinn zu Déifferdeng, Esch/Uelzecht a Lëntgen, a maachen et méiglech, Liewensmëttel ouni Konditiounen gratis zur Verfügung ze stellen.
Foodsharing Luxembourg gëtt komplett vu Fräiwëllege geleet. All Member investéiert seng Zäit an Energie fir dës Associatioun lieweg ze halen. D’Resultater alleng am Foodsaving-Projet schwätze fir sech:
👉 Am Joer 2025 goufen am ganze Lëtzebuerg 164.400 kg Liewensmëttel gerett.
👉 Zënter senger Grënnung am Joer 2019 huet Foodsharing Luxembourg méi wéi eng Millioun Kilogramm Liewensmëttel virun der Dreckskëscht gerett – stellen mer eis dësst mat 50 kg gefëllten Akaafsweenchen fier, entsprécht dat enger 20 Kilometer laanger Schlaang!
Iwwert seng deeglech Rettungsaktiounen eraus schafft de Veräin och drun, de gesetzleche Kader zu Lëtzebuerg ze änneren. Foodsharing setzt sech besonnesch fir dës Punkten an:
- en obligatoresche Rabatt vu mindestens 30 % op Produkter, déi hire Mindesthaltbarkeetsdatum oder de Verbrauchsdatum an 3 Deeg areechen,
- Reduzéiert Präisser vun “ellenem” Uebst a Geméis, wat nach iessbar ass
- d’Obligatioun fir Betriber fir Liewensmëttel ze spenden, déi nach iessbar sinn,
- an eng erhéicht Sensibiliséierung iwwert Praktike fir Liewensmëttel net ze verschwenden op nationalem Niveau.
Jidderee ka säi Bäitrag leeschten, andeem s een einfach alldeegelch Gewunnechten iwwerhëlt, fir Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren. Fir nach e Schrëtt weiderzegoen, kann ee sech Foodsharing Luxembourg uschléissen, déi ëmmer op der Sich no neie motivéierte Membere sin.
Et kann een och un engem vun de gratis Zero-Waste-Iessen deelhuelen, déi all Mount vun de Membere vu Foodsharing organiséiert ginn. Deen nächsten ass de Sonnden, de 25. Januar, an der Mesa – Maison de la transition – zu Esch/Uelzecht.
E grousse Merci un all eis Fräiwëlleg, eis aktiv Liewensmëttelretter*innen an eis Partner fir hiert Engagement, hir Motivatioun an hire grousse Bäitrag am Kampf géint Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg.