Foodsharing Points

Wat ass e Foodsharing Point?
Dat ass e Frigo oder/an e Regal, wou sech Liewensmëttel dra befannen, déi vu private Leit dra geluecht goufen a vu jidderengem gratis dierfe matgeholl ginn. Dës Foodsharing Points sinn ëffentlech zougänglech. 

Wien dierf e Foodsharing Point benotzen?
Eis Foodsharing Points sinn ëffentlech, dat heescht accessibel fir jiddereen. Dofir brauch ee net Member bei Foodsharing Luxembourg ze sinn.

Dierfen all Liewensmëttel an e Foodsharing Point?
Dës Informatiounen fënnt een och op all Frigo. Virun allem Produiten wou réi Eeër gebraucht goufen an Alkohol sinn NET erlaabt.

Wien hält dës Plaze propper?
Eis fräiwëlleg Memberen këmmeren sech heirëm. Op all de Frigoen hänke Richtlinnen, sou wéi e Botzplang, déi vun eise fräiwëllege Memberen aktuell gehale ginn.

Wou sinn eis Foodsharing Points?

Klickt op dëse Link fir eis Kaart ze besichen

Foodsharing Point Bonnevoie

7, Rue Auguste Charles
1326 Bonnevoie
, Luxembourg

disponibel 24h/24

Leider zou! Kenns du eng privat Plaz? Kontaktéier moien@foodsharing.lu

Foodsharing Point Esch-sur-Alzette

52 Rue Louis Pasteur
4276 Esch-sur-Alzette

Méindes – Freides vun 09.00 bis 18.00

Samschdes vun 10.00 bis 14.00

Foodsharing Point Lintgen

Rue de la Bergerie
7441 Lintgen

49°43’23.4″N 6°07’48.6″E

disponibel vun 8.00 bis 22.00

Frigo Bonnevoie (vum Daniel Waxweiler)
Frigo Esch-sur-alzette (vum Alpha Muyizere)
Frigo Lintgen (vum Hannah Proffitt-Perchard)

Wéi funktionéiert dat heiten?

  • Desinfizéier deng Hänn.
  • Huel dat, wats du wëlls gratis op eege Verantwortung.
  • Setz déi Liewensmëttel dran, déi’s du net méi brauchs an nach gutt sinn.
  • Benotz deng eege Sënner (Kucke, Riche, Schmaache) fir d’Liewensmëttel ze kontrolléieren ier’s du se ëss oder hei hinner mëss.
  • Dëst ass vu privat zu privat Persoun.

Verbuede Liewensmëttel

Keen Alkohol

Kee réit Fleesch

Kee réie Fësch

Näischt mat réien Eeër, réier Mëllech oder réiem Ram

Opgepasst

  • D’Iwwerschreidung vum Mindesthaltbarkeetsdatum (MHD) vun de Liewensmëttel ass akzeptéiert.
  • Transportéier Liewensmëttel, déi laut der Packung gekillt solle ginn, an enger Killtut oder -box a mat Killakkuen hei hinner, z.B. Nuddelszaloten, Kuch mat Puddingsfëllung. Ënner 5°C bleiwen!
  • Trenn déi verschidden Zorte Liewensmëttel wéinst den Allergenen.
  • Hannerlooss preparéiert Iessen zougedeckt oder am Dëppchen.
  • Lee d’Liewensmëttel, un deene Buedem drun ass, ënnen hinner. 

Vergiess net d’Dier zouzemaachen.