Matmaachen als Buttek

Schrëtt 1

Well mir mat eisem Projet Foodsaving de karitativen Organisatiounen de Virtrëtt loossen, empfeele mir Iech als éischt ze kucken, ob Dir Är Liewensmëttel hinne kënnt ginn.

  • den Cent Buttek a.s.b.l. fir an hier Butteker (épiceries sociales) mat de folgende Konditiounen:
    • D’Ofhuelunge duerch si bei Iech muss am Laf vum Moie méiglech sinn.
    • D’Liewensmëttel duerfen net iwwert de Verfallsdatum (date limite de consommation (DLC)) an de Mindesthaltbarkeetsdatum (MHD) (date de durabilité minimale (DDM)) sinn.
  • Sozial Epicerien “Buttek” vun der Spëndchen a.s.b.l. vun der Caritas an dem Roude Kräiz mat de folgende Konditiounen:
    • D’Ofhuelunge duerch si bei Iech muss am Laf vum Moie méiglech sinn.
    • D’Liewensmëttel duerfen net iwwert de Verfallsdatum (date limite de consommation (DLC)) an de Mindesthaltbarkeetsdatum (MHD) (date de durabilité minimale (DDM)) sinn.
  • Stëmm Caddy vun der Stëmm vun der Strooss a.s.b.l., een therapeuteschen Atelier deem seng Aktivitéit et ass, Liewensmëttel mat kuerzer Haltbarkeet ze recycléieren an déi produzéiert Platen un defavoriséiert Persounen ze verdeelen
    • Déi folgend Liewensmëttel ginn akzeptéiert: Uebst a Geméis, frësch Produiten, Fleesch, dréche Produiten a Gedrénks ouni Alkohol.
    • Kontakt: logistique.caddy@stemm.lu oder +352 49 02 60 42

Schrëtt 2

Mellt Iech bei eis fir dass mir eis ëm Är Reschter këmmeren.

Mir kënnen och méi spéit am Dag kommen a mir huelen d’Liewensmëttel mat, déi iwwert de Mindesthaltbarkeetsdatum (MHD) (date de durabilité minimale (DDM)) sinn.

Kontaktéiert eis w.e.g. per E-Mail: foodsaving@foodsharing.lu