Eis Geschicht

No hirem Studium an Däitschland huet sech eng Handvoll Frënn gefrot firwat et Foodsharing, also d’organiséiert Rette vu Liewensmëttel, nach net zu Lëtzebuerg gëtt. An Däitschland haten si am Veräin “Foodsharing Deutschland” ee sophistiquéierte System mat dausenden aktive Fräiwëllege kennegeléiert. Well déi meescht Liewensmëttelgesetzer op europäeschem Niveau harmoniséiert sinn, haten si sech gesot, dass dat och zu Lëtzebuerg méiglech si sollt. Bäi si sinn séier e puer weider Ënnerstëtzter*innen derbäi komm, déi sech fir d’Thema interesséiert oder den däitsche Prinzip aus de Medie kannt haten.

Ab dem Dezember 2018 haten du reegelméisseg Treffe stattfonnt fir d’Grënnung vun engem Veräi virzebereeden. Ganz wichteg war der Grupp heibäi déi positiv formuléiert Visioun, dass all Liewensmëttel, déi een nach iesse kann, zu Lëtzebuerg giess ginn, souwéi d’Abanne vun hire Wäerter, wéi Respekt, Zouverlässegkeet a Verantwortungsbewosstsinn. An dësem Sënn goufen d’Statute souwéi d’Gruppenofkommes ausgeschafft. D’Struktur vum Veräi gouf dobäi un d’Lëtzebuerger Lag an un eng Struktur ouni Hierarchie ugepasst. All d’Ofleef riichten sech no dem Prinzip vun der Soziokratie, enger participativer Organisatiounsweis. De Veräin “Foodsharing Luxembourg” gouf schliisslech Mëtt August 2019 offiziell mat 7 Membere gegrënnt. Als éischt gréisser Aktioun konnt am September vum nämmlechte Joer op enger grousser Demo fir de Klima mat Liewensmëttel gekacht ginn, déi bäi verschiddene Betriber gerett goufen. Déi éischt reegelméisseg Kooperatioun hat am Oktober 2019 mat engem Biobuttek an der Stad Lëtzebuerg ugefaangen.

Am Mee 2022 ginn et schonn 107 Kooperatioune mat Entreprisen aus dem Liewensmëttelberäich, bäi deene reegelméisseg Liewensmëttel ofgeholl ginn. De Veräin hat ee staarke Wuesstem an huet 545 Fräiwëlleger souwéi dräi “Foodsharing Points”. Dës ëffentlech Frigoen a Regaler fir de privaten Tausch sinn zu Esch/Uelzecht, zu Lëntgen an an der Stad Lëtzebuerg. Ausserdeem organiséiert de Veräi reegelméisseg “Distribution Days”, oppe Verdeelungsaktiounen, zu Beefort, Duelem/Garnech, Diddeleng a Jonglënster. Ënnerstëtzt gëtt de Veräin heibäi vun de Gemengen. Weider Partner sinn d’NGO “Frères des Hommes” an den Europäesche Solidaritéitsfong vun der EU. Dës bidde finanziell a materiell Ënnerstëtzung.

Eng Neierung am Joer 2022 ass d’Presenz vum Veräin am Escher “Bâtiment 4”, engem Gebai, wat vu sëllege Gruppéierunge kollektiv verwalt gëtt, a wat elo als Lager a fir Aktivitéite genotzt ka ginn. Opgrond vun der participativer Veräinsstruktur ginn et mëttlerweil vill autonom Gruppen, déi d’Struktur benotze fir eege Projeten iwwert d’Liewensmëttelverschwendung auszeschaffen, wéi d’syresch Kantin zu Esch/Uelzecht. Dës monter Aktivitéit an Diversifizéierung huet et säit der Grënnung vum Veräin erméiglecht méi wéi 300 Tonne Liewensmëttel ze retten.

Lescht Aktualiséierung: Mee 2022