100,7: “Revisioun vun de politesche Fuerderunge vu Foodsharing Luxembourg”

Een Drëttel vun alle Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, ginn ewech gehäit. Liewensmëttelverloschter a -verschwendung bleiwen ee vun dee gréisste Problemer vun eisem moderne Liewensstil. Well d’Ursaache vun dësem Problem systemesch sinn, hat Foodsharing Luxembourg am Februar 2023 eng éischt Versioun vun hire politesche Fuerderunge verëffentlecht – an se virun de Walen u Politiker:innen a Minister:inne geschéckt.

An der Tëschenzäit hu méi europäesch Länner Gesetzer géint d’Liewensmëttelverschwendung agefouert, a Foodsharing Luxembourg hat virun engem Joer eng Podiumsdiskussioun mat Expertinnen a Politiker:innen zum Thema organiséiert. Explikatioune mam Daniel Waxweiler vu Foodsharing Luxembourg

Lauschtert den Interview am 100,7

Festival AlimenTERRE ass geschwënn

SOS Faim organiséiert déi éischt Editioun vum Filmfestival AlimenTERRE vum 6. November bis zum 6. Dezember. Fënnef Dokumentarfilmer iwwert kruzial Problematiken an der Ernärung an der Landwirtschaft gi gewisen. Méi Detailer fënnt een op der offizieller Websäit an am Evenement op Facebook.

Foodsharing Luxembourg ënnerstëtzt dëse Festival als Kommunikatiounspartner.