Tipps fir Liewensmëttelverschwendung doheem ze reduzéieren

Jidderee ka selwer bei sech doheem ufänken, Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren an et ginn dobäi souguer zwee positiv Effekter: Sue spueren & e positiven Impakt op d’Ëmwelt hunn! Andeems Dir doheem kleng Schrëtt ënnerhuelt, kënnt Dir äre perséinlechen Ëmweltimpakt direkt reduzéieren an zur Bekämpfung vum Klimawandel bäidroen.

Benotzt Äre Frigo richteg

Stellt är Liewensmëttel net einfach sou an de Frigo. Sortéiert se mat Verstand. Dat Regal ganz uewen ass déi keelst Plaz, do kennt réit Fleesch a Fësch hin. Benotzt deen ënneschten Tirang nëmme fir Geméis. D’Eeër a de Botter halen sech gutt am Fach an der Dier. Sou huet alles seng optimal Plaz a bleift méi laang frësch a verdierwt net.

Vertraut ärer Nues, net dem Datum

En Datum ass just eng Zuel, zumindest an dësem Kontext!  “ A consommer de préférence avant”bedeit net “no deem Datum gëfteg”. Et geet hei nëmmen ëm den optimale Goût, net ëm d’Sécherheet. Wann den Datum ofgelaf ass, panikéiert net. Kuckt d’Liewensmëttel, richt a probéiert e bësse. Är Sënner soen Iech d’Wourecht. Wann et gutt richt, iesst et. Loosst net zou, datt den Datum fir Iech entscheet. ”Den“ A consommer de préférence avant”  -Datum ass wëssenschaftlech gesinn net ee Verbrauchs- oder Verfallsdatum. Vill Liewensmëttel bleiwen nach laang duerno iessbar – mir mussen erëm léieren, eis Sënner ze benotzen.” seet Irina Simoncini, eng Biochemicerin an Expertin fir Fuerschung a Entwécklung bei Microtarians, Lëtzebuerg. 

Dem Iessen een zweet Liewe ginn

Iwwerreschter si keen Dreck. Si sinn nach ëmmer iessbar. Geheit är Reschter net an d’Dreckskëscht. Online fann dir super “zero-waste Rezepter” vun Experte wéi Jamie Oliver oder BBC Good Food. Dir kënnt aalt Brout an en neit Iesse verwandelen an aalt Geméis an eng Zopp. Spuert är Suen an verbraucht all Liewensmëttel.

Hal op ze waarden a gëff aktiv

Fills du dech nach heiansdo verluer a kucks duercherneen op den Datum um Liewensmëttel? Dat ass normal. Mir sinn alleguerte Mënschen, mir maachen alleguerte Feeler. Mee looss dech dovun net ophalen. Scholdgefill hëlleft dem Planéit net mee Aktioun hëlleft. Probéiert net perfekt ze sinn, probéiert just besser ze sinn. Hei sinn e puer heefeg Barrièren an eis Tipps fir dir ze hëllefen:

“Ech hu keng Zäit, eng Lëscht ze maachen.”

Benotzt eng Akafslëscht-App wéi Bring! oder Listonic, fir deng Akafslëscht méi einfach a manner stresseg ze maachen.

“Ech kafen ze vill – et bleift ëmmer eppes iwwreg.”

Maacht e wéchentlechen Plang mat einfache Menuen, déi  Zäit spueren a Offall reduzéieren.

“Ech weess net, wéi ech Saache richteg lageren soll.”

Sortéiert nei Liewensmëttel hannert déi existéierend an Ärem Frigo, fir sécherzestellen, datt déi méi al Saachen als éischt verbraucht ginn. D’USDA FoodKeeper-App bitt Tipps fir d’Haltbarkeet an d’Lagerung.

“Ech hat geduecht, et wier net méi gutt.”

Benotz deng Sënner: kuck, rich a probéier. De “A consommer de préférence avant”-Datum ass net deen Datum, wou et wechgeheit soll ginn. Kuck an der USDA FoodKeeper-App oder bei Too Good To Go fir spezifesch Rotschléi fir d’Lagerung vun Iessen.​

“Ech kréien d’Iwwerreschter net verschafft.”

Benotz d’App My Fridge Food fir einfach Rezepter mat Iwwerreschter an enger Sichfunktioun.

  • Plang eng Kéier d’Woch e Rescht-Iessen-Dag, wous du Iessen aus deem virbereets, wats du nach hues
  • Mat Gewierzer, Kraider oder Dippen garnéieren
  • Maach se zu enger Zopp oder engem Smoothie

“Et gesäit net méi lecker aus.”

Gitt kreativ! Benotzt Iessen nach duerch:

  • Kompostéiere vu Liewensmëttelreschter
  • Liewensmëttel fermentéieren amplaz se ewechzewerfen
  • Iesse fir spéider afréieren
  • Garnéiere mat Gewierzer a Kraider, fir d’Platen méi attraktiv ze maachen

“Ech vergiessen meng Saache ganz hannen am Frigo ëmmer.”

Organiséier däi Frigo richteg mat dëse Tipps:

  • Huel gutt sichtbar Këschte fir d’Saachen ze lageren
  • Setz ëmmer nei Liewensmëttel hannert déi, déi schon do sinn, fir d’FIFO-Prinzip (First In, First Out) ze befollegen
  • Beschrëft d’Behälter a datéier se
  • Benotzt d’Apps USDA FoodKeeper oder Too Good To Go fir Lagerungsrotschléi

Wëssen schützt viru Verschwendung

Déi, déi wësse wou d’Liewensmëttel hierkënnt a wéi et hiergestallt gëtt, verschwende manner. Liewensmëttelbildung fërdert d’Wäertschätzung a hëlleft, Offäll ze vermeiden. Iwwerleet Iech, iwwer déi follgend Theme méi ze léieren:

Fermentatioun: Mat e bësse Salz, Waasser a Zäit (an ouni Stroum) kënnt Dir d’Haltbarkeet vum Iesse verlängeren an de Goût souwéi d’Närstoffer erhalen.

Saisonaalt Iessen: Saisonaalt Iesse reduzéiert Offäll a ënnerstëtzt lokal Produzenten

DIY-Konservéierungstechniken: Léier, wéi een Iessen afréiert, aleet oder konservéiert

Involvéier dech méi

Wann s du doheem schonn däin éischte klenge Schratt gemaach hues an et dech interesséiert, den Impakt fir d’Ëmwelt iwwert däin Haushalt eraus ze vergréisseren, bitt Foodsharing Luxembourg verschidde Méiglechkeete fir matzemaachen:

  • Mell dech bei eisem Foodsaving-Projet un, fir nach iessbaart Iesse bei Betriber ofzehuelen a weiderzeverdeelen, dat soss wechgeworf géif ginn
  • Benotz eis Foodsharing-Punkten, fir Liewensmëttel déis du zefill hues  gratis mat denger Gemeinschaft ze deelen
  • Organiséier e Workshop an denger Schoul oder Firma iwwer d’Thema Liewensmëttelverschwendung
  • Gëff Foodsaver a hëllef  Liewensmëttel an denger Géigend ze retten
  • Ënnerstëtz eis finanziell, wann s du e Bäitrag zu eiser Missioun wëlls leeschten

Dës Säit enthält Tipps a Wëssen vu Foodsharing Luxembourg, dem europäeschen+ Projet “Waste Less, Taste More” Reesausstellung, entwéckelt vun foodsharing e.V. (Däitschland), Microtarians SIS (Lëtzebuerg) an IDELUX Environnement (Belsch) am Kader vum EU Erasmus-Programm fir Erwuessenebildung.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *