Foodsharing Point - Verdeelerplazen
Wat ass e Foodsharing Point?
Dat ass e Frigo oder/an e Regal, wou sech Liewensmëttel dra befannen, déi vu private Leit dra geluecht goufen a vu jidderengem gratis dierfe matgeholl ginn. Dës Foodsharing Points sinn ëffentlech zougänglech.
Wien dierf e Foodsharing Point benotzen?
Eis Foodsharing Points sinn ëffentlech, dat heescht accessibel fir jiddereen. Dofir brauch ee net Member bei Foodsharing Luxembourg ze sinn.
Dierfen all Liewensmëttel an e Foodsharing Point?
Dës Informatiounen fënnt een och op all Frigo. Virun allem Produiten wou réi Eeër gebraucht goufen an Alkohol sinn NET erlaabt.
Wien hält dës Plaze propper?
Eis fräiwëlleg Memberen këmmeren sech heirëm. Op all de Frigoen hänke Richtlinnen, sou wéi e Botzplang, déi vun eise fräiwëllege Memberen aktuell gehale ginn.