Don vu 5000€

Den 3. Mäerz duerft Foodsharing Luxembourg en Don an der Héicht vu 5000 € vum Rotary Club Jonglënster-Syrdall an dem Rotary Club Schengen/Mondorf um Belenhaff zu Jonglënster entgéint huelen. No enger Präsentatioun vun eiser Asbl an eisen Aktivitéite konnte mir dëse Chèque entgéint huelen deen et eis erméiglecht a professionell Killméiglechkeete fir eis Distribution Days ze investéieren. Esou kënne mir nach méi de Liewensmëttelbestëmmunge gerecht ginn.

Mir soen nach emol villmools Merci un déi zwee Rotary Clibb.