Info-Stand um Last Summer Dance

Mir sinn dem Last Summer Dance Festival dankbar fir dass mir konnte mat engem Informatiounsstand de leschte Sonnde präsent sinn. Vill Leit waren interesséiert an hu mat eis geschwat oder hunn sech e puer Gadgets oder Reschter vun eisem Foodsharing Point matgeholl. E puer hunn sech der esou guer direkt op der Platz ugemellt. Ausserdeem huet ee vun eise Memberen ee Live-Interview um Radio ARA ginn.