Nomadic Island – sicht Participanten

Nomadic Island ass ee soziaalt Experiment, bei dem eng Grupp vun 11 Kënschtler aus verschiddenen EU-Länner ob eng generatiounsiwwergräifend Grupp vu lokale Bewunner trëfft. Mënschen tëschent 12 an 99 Joer kënnen um Projet deelhuelen an all Dag d’Liewe vun dëser temporärer Gemeinschaft deelen.
De Projet leeft vum 18.07.22 bis de 07.08.22 um Thillebierg zu Déifferdeng. D’Participante si wärend mindestens 5 Deeg um Stéck do, fir un de kënschtleresche Kreatiounen an der Organisatioun vum deegleche Liewen um Camp matzewierken.
De Chef Antoine Carteri vu Gastronomica Luxembourg wäert fir all Participante kachen.

Nomadic Island ass op der Sich no Liewensmëttelfournisseuren, déi bereet sinn, d’Anti-Verschwendungspolitik vun Nomadic Island z’ënnerstëtzen. Den Antoine huet säin eegene Fournisseur, mee mir géinge gären aner Fournisseure mat abezéien. Mir wieren immens dankbar, wann mir mat iech kéinten zesummeschaffe beim Sammelen a bei der Liwwerung vu gerettete Liewensmëttel fir den Nomadic Island-Camp, dee beim Fussballstadion vum Thillebierg (Rue de l’Hôpital, 4581 Differdange) ass.
Jiddereen, dee bereet wier eis z’ënnerstëtzen, kann sech dem Camp a sengen Aktivitéiten als Participant uschléissen. Dir géingt da mat de Kënschtler zesummeschaffen, fir Konschtwierker ze kreéieren an iech un eisem sozialen Experiment bedeelegen.
Hei fannt dir ee Flyer, de kuerz erkläert, wourëms et genau bei der Participatioun um Projet Nomadic Island geet. Weider Informatiounen iwwert de Projet an d’Kënschtler fannt dir um Nomadic Island.
Foodsavers, déi um Projet deelhuelen an eis mat gerettete Liewensmëttel ënnerstëtze wëllen, musse keng Participatiounsfraise bezuelen.