World Disco Soup Day 2019

E puer vun eise Memberen hunn um World Disco Soup Day, de 27. Abréll 2019, un der Disco Soup zu Iechternach Deel geholl. Dësen Event gouf vu Slow Food Youth Luxembourg organiséiert a vun der Gemeng Iechternach a KlimaPakt ënnerstëtzt. Lokal Gruppe waren och bedeelegt.

Als éischt goufen mir ganz häerzlech mat enger frëscher Zopp a Smoothie begréisst. Nodeems mir eise Bauch gutt gefëllt haten, hu mir deenen anere Fräiwëllege gehollef d’Reschter ze verdeelen an opzeraumen.

Trotz dem Reen hu mir et genoss do gewiescht ze sinn a Gläichgesënnter kennenzeléieren. Mir freeën eis och op eng enk Zesummenaarbecht mat Slow Food Youth Luxembourg!

Fotoe vun dëser Veranstaltung sinn op der Facebook-Säit vu Slow Food Youth Luxembourg ze fannen.