Podiumsdiskussioun vum 28. September

Panel discussion at MicroAtelier, 28.09.2023, photo by Maria Endner

Am Kader vun den nationale Walen hate mir den 28. September eng Podiumsdiskussioun zum Thema Bekämpfung vu Liewensmëttelverloschter a -verschwendung mam Moderator Patrick Azevedo an de folgende Gäscht:

  • Expertinnen
    • Dr. Rachel Reckinger, uni.lu
    • Estelle Flammang, on.perfekt
    • Svenja Zelder, IBLA
  • Vertrieder*inne vun de folgende Parteien
    • Jeff Boonen, CSV
    • Chantal Gary, déi gréng
    • Eric Weirich, déi Lénk
    • Luc Emeringer, DP
    • Olivier Bichel, LSAP
    • Josiane Engel, Piraten

Well jiddereen sech eens war, dass méi muss gemaach ginn, hoffe mir op eng Gesetzesinitiativ an der nächster Legislaturperiod!

Villmools Merci fir d’Participatioun vun eise Gäscht, den Interessi vun de Leit am Publikum, d’Co-Organisatioun mat eise Partner MICROTARIANS S.à. r.l.-SIS an natur&ëmwelt a.s.b.l. an déi finanziell Ënnerstëtzung vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte!

All You Can Eat @ Lëtzebuerg City Museum

Wall with a screen with a video about Foodsharing Luxembourg, a framed flyer, a t-shirt with the text Foodsharing Luxembourg, a banner with the text foodsharing.lu, a sign reading Free Saved Food, a big black bin and two other flyers
Eck vu Foodsharing Luxembourg an der Ausstellung All You Can Eat am Lëtzebuerg City Museum

Mir si geéiert Deel vun der temporärer Ausstellung All You Can Eat am Lëtzebuerg City Museum ze sinn. D’Ausstellung ka vun haut, dem 6. Oktober, u bis zum 14. Juli 2024 besicht ginn. Méi Detailer iwwert d’Ausstellung an d’Veranstaltungen, déi dës begleeden, kann een op der Websäit vum Musée fannen.

International Foodsharing Collab an der Press

Foodsharing Luxembourg war ee vun den Organisateure vum International Foodsharing Collab Weekend. Et gouf ee Barcamp fir déi international Foodsharing-Beweegung am SNJ-Zenter am Mariendall an e puer Workshops fir de Public um Kolla x Mersch Festival de leschte Weekend vum 18. bis den 20. August 2023.

Mir goufen an de folgende Medie genannt:

Dir fannt méi Detailer an eisem Presse-Communiqué.