Neiegkeeten

2025 huet Foodsharing Lëtzebuerg 164.400 kg nach iessbar Liewensmëttel virun der Dreckskëscht gerett

Image: AI-generated illustration – symbolic representation

Am Joer 2025 huet Foodsharing Luxembourg säin Engagement am Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung weidergefouert a gestäerkt, dank enger ëmmer méi aktiver Gemeinschaft. Haut huet de Veräin 306 fräiwëlleg Liewensmëttelretter*innen, déi duerch eng gemeinsam Missioun vereent sinn: Liewensmëttel ze retten, déi nach iessbar sinn, awer am Offall lande géifen.

Vill Leit si sech nach net bewosst, dass de Mindesthaltbarkeetsdatum, deen op Produkter am Buttek uginn ass, net en Datum ass, no deem d’Liewensmëttel net méi fir de Konsum gëeegent sinn. A ville Fäll kann d’Liewensmëttel wäit no dësen Datum ouni Risiko fir d’Gesondheet nach konsuméiert ginn. Trotzdeem ginn nach ëmmer bal 30 % vun de produzéierte Liewensmëttel ewechgeheit. Fir dës Situatioun ze verbessere, gouf Foodsharing Luxembourg gegrënnt, mat dem Zil, d’Ressource vum Planéit ze erhalen an duerch d’Reduktioun vu Liewensmëtteloffall konkret géint de Klimawandel virzegoen.

Fir dës Initiativ ëmzesetzen, schafft Foodsharing am Foodsaving-Projet elo mat 62 Kooperatiounen a Partnerbutteker am ganze Land zesummen. Dës Partner stellen onverkaaft, awer nach iessbar Liewensmëttel zur Verfügung, déi duerno vu Fräiwëllege gesammelt ginn. D’Quantitéiten, déi esou gerett ginn, variéiere staark: si kënne vu klenge Quantitéite vun 2 kg bis iwwer 20 kg bei enger eenzeger Ofhuelung bei verschiddene Geschäfter goen.

All Persoun, egal ob Member oder net, kann och Liewensmëttel bei engem vun den 3 offizielle Foodsharing Points am Land ofginn, déi fir jidderee gratis an no strengen Hygiènesreegelen zougänglech sinn. Dës Frigoe sinn zu Déifferdeng, Esch/Uelzecht a Lëntgen, a maachen et méiglech, Liewensmëttel ouni Konditiounen gratis zur Verfügung ze stellen.

Foodsharing Luxembourg gëtt komplett vu Fräiwëllege geleet. All Member investéiert seng Zäit an Energie fir dës Associatioun lieweg ze halen. D’Resultater alleng am Foodsaving-Projet schwätze fir sech:

👉 Am Joer 2025 goufen am ganze Lëtzebuerg 164.400 kg Liewensmëttel gerett.

👉 Zënter senger Grënnung am Joer 2019 huet Foodsharing Luxembourg méi wéi eng Millioun Kilogramm Liewensmëttel virun der Dreckskëscht gerett – stellen mer eis dësst mat 50 kg gefëllten Akaafsweenchen fier, entsprécht dat enger 20 Kilometer laanger Schlaang!

Iwwert seng deeglech Rettungsaktiounen eraus schafft de Veräin och drun, de gesetzleche Kader zu Lëtzebuerg ze änneren. Foodsharing setzt sech besonnesch fir dës Punkten an:

  • en obligatoresche Rabatt vu mindestens 30 % op Produkter, déi hire Mindesthaltbarkeetsdatum oder de Verbrauchsdatum an 3 Deeg areechen,
  • Reduzéiert Präisser vun “ellenem” Uebst a Geméis, wat nach iessbar ass
  • d’Obligatioun fir Betriber fir Liewensmëttel ze spenden, déi nach iessbar sinn,
  • an eng erhéicht Sensibiliséierung iwwert Praktike fir Liewensmëttel net ze verschwenden op nationalem Niveau.

Jidderee ka säi Bäitrag leeschten, andeem s een einfach alldeegelch Gewunnechten iwwerhëlt, fir Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren. Fir nach e Schrëtt weiderzegoen, kann ee sech Foodsharing Luxembourg uschléissen, déi ëmmer op der Sich no neie motivéierte Membere sin.

Et kann een och un engem vun de gratis Zero-Waste-Iessen deelhuelen, déi all Mount vun de Membere vu Foodsharing organiséiert ginn. Deen nächsten ass de Sonnden, de 25. Januar, an der Mesa – Maison de la transition – zu Esch/Uelzecht.
E grousse Merci un all eis Fräiwëlleg, eis aktiv Liewensmëttelretter*innen an eis Partner fir hiert Engagement, hir Motivatioun an hire grousse Bäitrag am Kampf géint Liewensmëttelverschwendung zu Lëtzebuerg.

Een Opruff fir eng fair a resilient Landwirtschaft

🌱 Den 30. Juni 2025 hunn d’Plattform Meng Landwirtschaft an hir 19 Memberorganisatiounen, dorënner Foodsharing Lëtzebuerg, déi 4. komplett iwwerschafft Editioun vun hirem Plädoyer fir eng Erneierung vun der Landwirtschaftspolitik presentéiert, dëst um 2.000 m² grousse Feld beim Haus vun der Natur.

🎯 Zil: D’ëffentlech Debatt iwwer d’Zukunft vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg ze stimuléieren an aktiv dozou bäizedroen. Meng Landwirtschaft fuerdert d’politesch Leader vu Lëtzebuerg – souwuel op nationalem wéi och op europäeschem Niveau – op, en nohaltege Kader fir d’Landwirtschaft opzebauen, deen net méi nëmmen dem Konkurrenzrecht ënnerläit, mä als sozial an ökologesch Sail vum ëffentlechen Intressi unerkannt gëtt.

📢 Eng aner Landwirtschaft ass méiglech: méi fair a méi resilient a solidaresch!

👉 Méi Informatiounen: Plädoyer fir eng fair a resilient Landwirtschaftspolitik

Wat wier wann all d’Iessen konsuméiert a keen Iesse ewech gehäit géif ginn?

Foodsharing Luxembourg huet zur Juli-Editioun vun der CIRCLE OF LIFE Serie bäigedroen, déi vu microtarians SIS de Sonndeg, de 6. Juli am Kader vun der LUGA organiséiert ginn ass. Wéinst dem schlechte Wieder, gouf dës Editioun vum urbanen Haff Kuerbebierg an de Quartier Stuff Grünewald verluecht.

Niewent eisem Zoukomme loosse vu gerettete Liewensmëttel an dem Aushëllefen, hu mir eng participativ Diskussiounsronn mam Titel “Wat wier wann all d’Iessen konsuméiert a keen Iesse ewech gehäit géif ginn?” bäigedroen.

What if all edible food were consumed and no food were wasted

Kommt, mir stellen eis vir, dass mir am Joer 2030 sinn. Liewensmëttelverloschter a -verschwendung si Problemer vun der Vergaangenheet. Wéi hu mir et gepackt? Wéi gesäit all Secteur elo aus?

No enger Imaginatiounsübung an engem kollektiven Identifizéiere vun den Themen, hate mir eng “fishbowl” Diskussiounsronn, déi déi meescht Participante genotzt hunn fir aktiv zur Diskussioun bäizedroen, wat jidderengem am Raum d’Chance ginn hat fir matzemaachen. D’Invitéeën Hannah Proffitt-Perchard, Pauline Seeburger an Stefania Filice hunn d’Diskussioun ugefaangen. Déi ganz Sessioun gouf facilitéiert vum Daniel Waxweiler.

Aus dem kollektiven Identifizéiere vun den Themen si Post-its op enger Mauer mat Themen ervirgaangen, déi no Kategorien regroupéiert goufen, déi natierlech entstane sinn. Verbesserungen an der ganzer Produktiounskette goufe gesammelt, an d’Roll vu Regulatiounen gouf ervirgehuewen. D’Sensibiliséiere mat jonke Mënschen war een anere grousse Grupp.

vum Daniel Waxweiler

An der folgender Diskussiounsronn hu mir ugefaangen driwwer ze schwätzen, wéi accessibel biologesch a lokal Ernärunge sinn a wéi d’Gäert méi accessibel fir jiddereen vun de Gemenge kéinte gemaach ginn. Dunn hu mir eis gewonnert firwat vill Leit d’Konservéiere vu Liewensmëttel net prioriséieren. Ass d’Iessen ze bëlleg? Oder ass d’Wësse verluer gaangen? Dëst huet eis derzou geleet driwwer ze schwätzen, wéi Kanner op verschiddene Plaze scho méi a Kontakt komme mat wéi hier Liewensmëttel wuessen a wéi dës kënnen transforméiert ginn. Mir hunn och beschwat, wéi d’Leit kéinte gehollef kréie beim Manner-Verbëtzen. Kéinte Belounungen esou guer besser wéi Bestrofungen funktionéieren op individuellem Niveau? Zu wéi engem Undeel kéinten technologesch Léisungen hëllefen? Mir hunn dës Ronn ofgeschloss, an deem s mir eis drun erënnert hunn, dass et essentiel ass Communautéiten ze kreéieren fir de Problem vu Grond op ze léisen.

vum Eunice Sánchez González

Duerno hu mir zesummen d’Iesse genoss, wat aus gerettem Geméis an Uebst gemaach gouf an op fermentéierten Iwwerraschunge vu microtarians baséiert huet.

A wéi stells du dir d’Zukunft vir?