(Artikel op Däitsch)
Lebensmittel teilen, statt entsorgen
Die Vereinigung Foodsharing feiert zweijähriges Bestehen und eröffnet in Lintgen einen neuen Foodsharing Point.
(Artikel op Däitsch)
Lebensmittel teilen, statt entsorgen
Die Vereinigung Foodsharing feiert zweijähriges Bestehen und eröffnet in Lintgen einen neuen Foodsharing Point.
D’Annick erkläert eis Distribution Days an dësem Interview op 100,7.
Eise Veräin gouf virgestallt an dësem Interview op 100,7.
RTL huet eng Reportage iwwert d’Distribution Days zu Beefort gemaach.
Haut gouf den éischten ëffentleche Frigo, och als Foodsharing Point bekannt, virum Buttek Naturwelten, rue Auguste Charles 7, Bouneweg, Stad Lëtzebuerg, ageweit. Co-finanzéiert vum Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten a Frères des Hommes Luxembourg am Framework vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung, besteet dëse Projet aus dem Zurverfügungstelle vun engem ëffentlech zougängleche Frigo, deen als Tauschplatz fir Iesse fir privat Individuen déngt. Tatsächlech sinn d’Privathaushalter fir 75% vun der Liewensmëttelverschwendung verantwortlech. Dat sinn ongeféier 89 kg pro Persoun pro Joer. Dëse Projet setzt hei un an ass fir jidderee ronderëm d’Auer zougänglech.
RTL Radio Lëtzebuerg huet haut een Interview mam Daniel a Fern bruecht. En ass hei no ze liesen an ze lauschteren.
D’Luxemburger Wort huet een Artikel iwwert eis Distribution Days an eise Foodsharing Point an der Editioun vun haut.
D’Tageblatt huet an der Editioun vun haut e puer Säiten iwwert d’Liewensmëttelverschwendung an eng Säit iwwert eis.
Foodsharing Luxembourg ass stolz d’Erëffnung vun hirem éischte Foodsharing Point unzekënnegen! E Foodsharing Point ass een ëffentlechen Uert fir Iesse vu Privat- zu Privat-Persoun ze deelen a besteet normalerweis aus engem Frigo an engem Regal. Du kanns huele wat’s du wëlls, an du lees era wat’s du net brauchs. Du fënns e beim Buttek Naturwelten, 7 rue Auguste Charles, zu Bouneweeg, an der Stad.
Merci un Naturwelten fir d’Plaz an u Frères des Hommes fir de Frigo!
D’Luxembourg Times huet een Artikel iwwert dat, wat mir grad maachen, verëffentlecht. Et ass och eng wichteg Ukënnegung dra verstoppt.