Foodsharing Luxembourg krut eng Auszeechnung

Gëschter krut Foodsharing Luxembourg eng Auszeechnung fir säi Projet, deen 2020 am Europäesche Solidaritéitskorps agereecht gouf. Dësen EU-Finanzéierungsprogramm fir d’Dauer vun engem Joer huet eis et erméiglecht, eist Fundament ze verstäerken an eis Aktivitéiten auszebauen, mat zum Beispill den Distribution Days. E grousse Merci un déi national EU Agence Anefore fir hir Ënnerstëtzung.