RESTwithEU lancéiert säin Open Call Programm, wou Restauranten, Startups a Léisungsanbieter aus ganz Europa zesummekomme fir d’Erausfuerderunge vum Restaurantsektor ze léisen.
No eisem éischten Opruff krut eisen Aarbechtsgrupp “Politesch Aarbecht” bei Foodsharing Luxembourg interessanten Input. Nieft der Situatioun a Kantinnen an Butteker, kruten mir z.B. gesot, datt Subsiden fir d’Ausséien vu Gromperen ausbezuelt géifen ginn, des awer aus Rentabilitéitsgrënn oft net erausgeholl ginn an sou sënnlos ëmginn. Well des Abléck a verschidde Beräicher wierklech hëllefräich fir eis Aarbecht fir eng Verbesserung vun der nationaler Gesetzgebung iwwer Liewensmëttelverloscht an -offall ass, verlängeren mir eisen Opruff nach emol.
Mellt iech dofir nach emol bis den 6. November bei eis op moien@foodsharing.lu – Wou gesitt dir Problemer am System? Sinn iech Mëssstänn bekannt, déi zu Gaspillage féieren?
Den Aarbechtsgrupp “Politesch Aarbecht” vu Foodsharing Luxembourg schafft den Ament u Fuerderunge fir eng Verbesserung vun der nationaler Gesetzgebung iwwer Liewensmëttelverloscht an -offall. Eisen Ausgangspunkt soll eng Analys vum Problem sinn.
Dofir wëlle mir är Hëllef! Wou gesitt dir Problemer am System? Sinn iech Mëssstänn bekannt, déi zu Liewensmëttelverloscht oder -offall féieren? An ärem Alldag, op der Aarbecht oder doheem, gesitt dir Musteren oder Widderspréch, déi zu Gaspillage féieren?
Schreift eis bis de 15. Oktober op moien@foodsharing.lu
„Am Kader vum International Food Loss and Waste Awareness Day erklären eis verschidden Associatiounen aus der Benelux-Regioun a Frankräich, wéi si hëllefen, dësen Offall ze limitéieren“
“Foodsharing Lëtzebuerg huet Appetit op Verännerung. Zanter der Grënnung am August 2019, duerch eng Grupp vu Frënn, goufe bis ewell 356 Tonne Liewensmëttel gespuert. Verschwendung a Verloscht vun Nahrungsmëttel hunn net wierklech e positiven Impakt op eis Ëmwelt. De But vu Foodsharing ass, deem entgéint ze wierken, Michèle Schons?”
D’Initiativ Foodsharing Luxembourg versicht zanter dräi Joer Liewensmëttel ze retten, déi d’Supermarchéen, Geschäfter a Produzente soss géingen ewechgeheien. Déi Liewensmëttel gi vu sougenannte “Foodsaver” agesammelt a verdeelt – entweder u Leit deenen den ekologeschen Aspekt wichteg ass oder deenen et villäicht finanziell net esou gutt geet.
Nomadic Island ass ee soziaalt Experiment, bei dem eng Grupp vun 11 Kënschtler aus verschiddenen EU-Länner ob eng generatiounsiwwergräifend Grupp vu lokale Bewunner trëfft. Mënschen tëschent 12 an 99 Joer kënnen um Projet deelhuelen an all Dag d’Liewe vun dëser temporärer Gemeinschaft deelen. De Projet leeft vum 18.07.22 bis de 07.08.22 um Thillebierg zu Déifferdeng. D’Participante si wärend mindestens 5 Deeg um Stéck do, fir un de kënschtleresche Kreatiounen an der Organisatioun vum deegleche Liewen um Camp matzewierken. De Chef Antoine Carteri vu Gastronomica Luxembourg wäert fir all Participante kachen.
Nomadic Island ass op der Sich no Liewensmëttelfournisseuren, déi bereet sinn, d’Anti-Verschwendungspolitik vun Nomadic Island z’ënnerstëtzen. Den Antoine huet säin eegene Fournisseur, mee mir géinge gären aner Fournisseure mat abezéien. Mir wieren immens dankbar, wann mir mat iech kéinten zesummeschaffe beim Sammelen a bei der Liwwerung vu gerettete Liewensmëttel fir den Nomadic Island-Camp, dee beim Fussballstadion vum Thillebierg (Rue de l’Hôpital, 4581 Differdange) ass. Jiddereen, dee bereet wier eis z’ënnerstëtzen, kann sech dem Camp a sengen Aktivitéiten als Participant uschléissen. Dir géingt da mat de Kënschtler zesummeschaffen, fir Konschtwierker ze kreéieren an iech un eisem sozialen Experiment bedeelegen. Hei fannt dir ee Flyer, de kuerz erkläert, wourëms et genau bei der Participatioun um Projet Nomadic Island geet. Weider Informatiounen iwwert de Projet an d’Kënschtler fannt dir um Nomadic Island. Foodsavers, déi um Projet deelhuelen an eis mat gerettete Liewensmëttel ënnerstëtze wëllen, musse keng Participatiounsfraise bezuelen.
Member
Wéi ginn ech Member :
op www.foodsharing.lu registréieren
un enger Infoversammlung Deel huelen Wat kann ech als Member maachen?
hëllefen Events ze plangen an ze organiséieren
op Events present sinn an mat hëllefen
Foodsaver ginn
Responsabel vun engem Foodsharingpoint ginn
bei eisen Treffen 1-2x de Mount Deel huelen
Foodsaver - Liewensmëttelretter
Wéi ginn ech Foodsaver :
Member sinn
3 Proufofhuelunge maachen Wat kann ech als Foodsaver maachen?
op Karrot.world umellen (no 3 Proufofhuelungen)
Liewensmëttel bei eise Kooperatiounspartner retten
geretten Liewensmëttel verdeelen
Betribsverantwortleche vun engem Kooperatiounspartner ginn
Foodsharing Point - Verdeelerplazen
Wat ass e Foodsharing Point? Dat ass e Frigo oder/an e Regal, wou sech Liewensmëttel dra befannen, déi vu private Leit dra geluecht goufen a vu jidderengem gratis dierfe matgeholl ginn. Dës Foodsharing Points sinn ëffentlech zougänglech.
Wien dierf eFoodsharing Point benotzen? Eis Foodsharing Points sinn ëffentlech, dat heescht accessibel fir jiddereen. Dofir brauch ee net Member bei Foodsharing Luxembourg ze sinn.
Dierfen all Liewensmëttel an e Foodsharing Point? Dës Informatiounen fënnt een och op all Frigo. Virun allem Produiten wou réi Eeër gebraucht goufen an Alkohol sinn NET erlaabt.
Wien hält dës Plaze propper? Eis fräiwëlleg Memberen këmmeren sech heirëm. Op all de Frigoen hänke Richtlinnen, sou wéi e Botzplang, déi vun eise fräiwëllege Memberen aktuell gehale ginn.
Evenementer
Foodsharing Luxembourg ass op verschiddenen Evenementer vertrueden, fir op d'Problematik vun der Liewensmëttelverschwendung opmierksam ze maachen an d'Leit ze sensibiliséieren. Dëst maache mir mat Infostänn, mee awer och mat Kachaktiounen, wou mir mat gerette Liewensmëttel kachen an dëst da gratis verdeelen.
Member
How to become a member?
register at www.foodsharing.lu
participate in an information meeting What can I do as a member?
help plan and organize events
be present at events and with help
become a Foodsaver
be in charge of a foodsharing point
participate in our meetings 1-2x a month
Foodsaver
How to become a Foodsaver?
be a member
do 3 trial pickups What can I do as a Foodsaver?
sign up at Karrot.world umellen (after 3 trial pickups)
save food on our cooperation partners
distribute saved food
be in charge of a cooperation partner
Foodsharing Point
What is a Foodsharing Point? This is a fridge and / or shelf containing food that has been placed by private individuals and can be taken away by anyone free of charge. These foodsharing points are publicly available.
Who can use a Foodsharing Point? Our foodsharing points are public, which means they are accessible to everyone. That's why you do not need to be a member of Foodsharing Luxembourg.
Is all food allowed in a Foodsharing Point? This information is also available on every fridge. In particular products containing raw eggs and alcohol are NOT allowed.
Who keeps this place clean? Our volunteer members take care of this. All refrigerators have guidelines, such as a cleaning plan, which are kept up to date by our volunteer members.
Events
Foodsharing Luxembourg is present at various events to inform and raise awareness of food waste. We do this with information booths, but also with cooking actions, where we cook with saved food and distribute it for free.