Enn vum Distribution Days Projet

Mir hunn net esou gutt Noriichten. Foodsharing Luxembourg huet den 31. Januar 2023 déi schwéier Entscheedung geholl d’Distribution Days ze stoppen.

Den Distribution Days Projet hat intern Problemer a gouf no den EU-Legislatiounen als “Betrib” agestuuft. Dëst hätt geheescht all d’Regulatioune ronderëm d’Liewensmëttel ze erfëllen, wat schwiereg fir ee Veräin aus Fräiwëllege gewiescht wier.

D’Distribution Days hu vill Mënsche gleewe gedoen, dass Foodsharing Luxembourg eng karitativ Organisatioun wier. Eisen Haaptfokus läit awer um Ëmweltaspekt vu Liewensmëttelverloscht a -verschwendung, a mir wëllen net a Konkurrenz mat den etabléierte karitativen Organisatioune mat hirer professionell Offer trieden. Mir verstinn, dass mir esou wouer geholl goufe wärend der aktueller schwiereger Zäit, mä dat war ni eist Zil. Eist laangfristeg Zil ass et, dass et Gesetzer géint Liewensmëttelverloscht a -verschwendung ginn, esou dass d’Quantitéite vun de Liewensmëttel, déi ewechgehäit ginn, dramatesch erofginn.

Desweideren waren d’Distribution Days och net méi op enger Linn mat hirem Zil fir grouss Quantitéiten ze verdeelen. Den Haaptgrond war, dass munch Betriber hier Quantitéiten dramatesch reduzéiert hunn, esou dass dës Liewensmëttel elo einfach tëschent Foodsaver*inne verdeelt kënne ginn. Mir als Veräin si frou iwwert dës Reduzéierung vun der Liewensmëttelverschwendung!

Mir erkennen de grousse Bäitrag vun den Distribution Days un. Et gouf vill Energie, Leidenschaft an Zäit an si gestach. Mir soen allen, déi op den Distribution Days gehollef oder deelgeholl hunn, Merci fir hire Bäitrag fir eiser Visioun fir, dass “all iessbar Liewensmëttel zu Lëtzebuerg giess ginn”, méi nozekommen!

Eise Foodsaving Projet wäert d’Liewensmëttel, déi fir d’Distribution Days bestëmmt waren, weiderhin ofhuelen a verdeelen. Wann s du bäi eis als Foodsaver*in matmaache wëlls, mellt dech un. Äis nächst Informatiounsversammlunge ginn an den nächste Wochen ugekënnegt a sinn oppe fir jiddereen, deen interesséiert ass fir aktiv a Foodsharing Luxembourg ze ginn.

Artikel am Tageblatt

Zu schade für die Tonne

(Artikel op Däitsch)

Merci un d’Tageblatt fir dësen liewegen Artikel iwwert eis Distribution Days zu Jonglënster. Ouni eis engagéiert Memberen vun Foodsharing Luxembourg an d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng Jonglënster wieren dës Aktiounen nët méiglech.

Tageblatt. Freitag, den 15. Oktober 2021