Bass du tëschent 16 an 30 Joer jonk? Bass du u Politik oder/a Konscht interesséiert? Da komm mat eis mat op de European Youth Event op Stroossbuerg vum 29. bis zum 30. Mee. #EYE2020 Mell dech mat dësem Formular un.
Category: Ouni Kategorie
Eis Evenementer op climatejustice.lu
Well Foodsharing Deel vun der Koalitioun #United4ClimateJustice ass, fannt dir eis Events elo och am Klimaaktiouns-Kalenner op climatejustice.lu.
Platz fir ëffentliche Frigo gesicht
Wa mir bis Enn dës Jores eng Platz fir een ëffentleche Frigo an der Staat fonnt hunn, kréie mir een neie Frigo vu Frères des Hommes Luxembourg gesponsert. Kenns du eng Platz déi gutt erreechbar awer a Privatbesëtz ass? Mell dech wann’s de zu 99% sécher bass, dass et do klappe kéint.
Kach-Stand op der #United4ClimateJustice
Wéinst der Demo United for Climate Justice de 27. September 2019 hu mir Snacke, Wraps, Zopp an Uebstzalot mat Liewensmëttel, déi ewech geheit gi wieren, fir jidderee preparéiert. Ingesamt hu mir 300 Portioune verdeelt.
Merci u jidderee wie gëschter laanschtkomm ass, matgehollef oder eis soss ënnerstëtzt huet.
Info-Stand um Last Summer Dance
Mir sinn dem Last Summer Dance Festival dankbar fir dass mir konnte mat engem Informatiounsstand de leschte Sonnde präsent sinn. Vill Leit waren interesséiert an hu mat eis geschwat oder hunn sech e puer Gadgets oder Reschter vun eisem Foodsharing Point matgeholl. E puer hunn sech der esou guer direkt op der Platz ugemellt. Ausserdeem huet ee vun eise Memberen ee Live-Interview um Radio ARA ginn.
Veräin ugemellt
Säit haut ass Foodsharing Luxembourg als Veräin ouni Gewënnzweck mat der Nummer F12422 ugemellt. D’Statuten, d’Gruppevereinbarung an den Umeldungsformular wäerten an den nächste Wochen online gesat ginn.
World Disco Soup Day 2019
E puer vun eise Memberen hunn um World Disco Soup Day, de 27. Abréll 2019, un der Disco Soup zu Iechternach Deel geholl. Dësen Event gouf vu Slow Food Youth Luxembourg organiséiert a vun der Gemeng Iechternach a KlimaPakt ënnerstëtzt. Lokal Gruppe waren och bedeelegt.
Als éischt goufen mir ganz häerzlech mat enger frëscher Zopp a Smoothie begréisst. Nodeems mir eise Bauch gutt gefëllt haten, hu mir deenen anere Fräiwëllege gehollef d’Reschter ze verdeelen an opzeraumen.
Trotz dem Reen hu mir et genoss do gewiescht ze sinn a Gläichgesënnter kennenzeléieren. Mir freeën eis och op eng enk Zesummenaarbecht mat Slow Food Youth Luxembourg!
Fotoe vun dëser Veranstaltung sinn op der Facebook-Säit vu Slow Food Youth Luxembourg ze fannen.
Ënnerstëtz d’Petitioun géint Liewensmëttelverschwendung
Mir ënnerstëtzen d’Petitioun 1233 – Gemeinsam aktiv gegen Lebensmittelverschwendung – vum Josette Heitz bei der Chamber. Si huet an e puer Deeg schonn 1000 Ënnerschrëfte kritt, soudass et realistesch ass, d’Ziel vu 4500 Ënnerschrëfte virun der Clôture den 30. Abrëll ze erreechen.
But de la pétition:
Petitioun 1233
Ein Lebensmittel-Gesetz einführen, das grosse Supermärkte verplichtet, unverkaufte, aber noch geniessbare Waren nicht mehr wegzuwerfen, sondern an karitative Einrichtungen weiterzugeben. Wer sich nicht dran hält, sollen Geldstrafen drohen.
Motivation de l’intérêt général de la pétition:
Wenn man bedenkt welche Unmengen an Rohstoffen und Energie nötig sind um Lebensmittel herzustellen, müssen unbedingt Strategien und Gesetze entwickelt werden um ein unnötiges Wegwerfen in Zukunft zu vermeiden, oder wenigstens drastisch zu senken.
Einige Stunden vor Ladenschluss sollen in den Supermärkten leichtverderbliche Waren wie Gemüse, Obst, Backwaren sowie Lebensmittel vor dem Ablaufdatum zu einem stark reduziertem Preis angeboten werden.
Ein Lebensmittel-Gesetz einführen, das grosse Supermärkte verplichtet, unverkaufte, aber noch geniessbare Waren nicht mehr wegzuwerfen, sondern an karitative Einrichtungen weiterzugeben. Wer sich nicht dran hält, sollen Geldstrafen drohen.
WIR KöNNEN DIE QUALITäT UND VIELFALT DER LEBENSMITTEL ERHöHEN, DIE WIR ERHALTEN UND WEITERGEBEN.
W.e.g ënnerschreif dës Petitioun fir d’Chamber op dëst Thema opmierksam ze maachen an eng Diskussioun ze lancéieren.