Neiegkeeten

Éischte Foodsharing Point ass op

Foto vum Daniel Waxweiler

Foodsharing Luxembourg ass stolz d’Erëffnung vun hirem éischte Foodsharing Point unzekënnegen! E Foodsharing Point ass een ëffentlechen Uert fir Iesse vu Privat- zu Privat-Persoun ze deelen a besteet normalerweis aus engem Frigo an engem Regal. Du kanns huele wat’s du wëlls, an du lees era wat’s du net brauchs. Du fënns e beim Buttek Naturwelten, 7 rue Auguste Charles, zu Bouneweeg, an der Stad.

Merci un Naturwelten fir d’Plaz an u Frères des Hommes fir de Frigo!

Offer fir Restauranten a Caféen

Wa bei Ärem Restaurant oder Café wéinst den aktuelle Mesurë Liewensmëttel net méi verwäert kënne ginn, braucht dir se net fort ze schmäissen. Eis Liewensmëttelretter*inne kommen se gäre siche fir se iwwert eise Reseau ze verdeelen. Mellt Iech am beschte per Mail un moien@foodsharing.lu a gitt eis gären och eng Telefonsnummer un fir en RDV auszemaachen.